Concert Plëss

D'Schierener Musek spillt all Joer am Summer e Concert op der Place d'armes (Plëss) an der Stad. Oft ass dëse Concert den Ofschloss vun der Saison. Dëst Joer war dëse Concert den 19. Juli 2015. D'Concerten op der Plëss sinn ganz staark vum Wieder ofhängeg. Wann et reent, spillt ee quasi fir sech selwer, wann dann awer d'Sonn bis raus kucke kënnt, kann et sinn, datt innerhalb vu puer Minutten e ganze Koup Leit op der Plaz virum Kiosk stinn.