Och 2016 war den Hämmelsmarsch rëm e groussen Erfolleg.
Eppes klenges iwwert d'Geschicht vum Hämmelsmarsch zu Schieren:
D'Schierener Musek hat hiren éischten Optrëtt de 25. Mee 1947 mam Hämmelsmarsch op der Schierener Kiermes. Den Hämmelsmarsch gouf ageprouft am Gemengesall mat Musikante vun Ettelbréck, Colmer a Schieren, an zwar ënnert der Regie vun engem bekannte Colmer Musikant, dem Frënd Heffenisch Flor. Et huet sech net nëmmen drëm gedréint, fir d'Noute richteg ze spillen, et huet een och misse kënne richteg am Schratt goen an a Marschuerdnung. Sou wéi deemols, si mir nach laang Zäit duerno ëmmer am Prëssessiounsmarsch-Tempo getrëppelt, an dat war fir vill net einfach, fir dobäi d'Been richteg an de Grëff ze kréien.
No der Fréimass war bei Schmatts (Flammang) den Départ, verbonne mat der traditioneller Kiermesdrëpp. Duerno gong et duerch d'Haaptstrooss bis bei Betzen (Kugner), hei war de Schluss, a réischt duerno gouf et dee laang verdéngte Patt, an zwar a Kuurbels (Dondlinger). D'Niewestroossen an d'Gaassen goufen déi Zäit net gemeet, si koume Jore méi spéit an de Programm. Schon déi éischte Kéier hate mir d'Gléck, fir Schof geléint ze kréien, fir sou dem Hämmelsmarsch de richtege Charakter an dat richtegt Bild ze ginn. D'Hämmel goufe geleet vun engem Mann, dee laang de Fändel vun der Schierener Musek gedroen huet, de Schéifer "Busche Fritz" (Urbing Alfred). Dat zweet Joer ass scho moies um 7 Auer eng Delegatioun op d'Hief gefuer; Gefirer ware rar déi Zäit, mä de Kuurbels Hein hat sech e Militär-Camion ugeschaaft, mat deem si mer moies de Kräizbierg aus getëfft. Et goufe Bänken aus dem Gemengesall drop gesat, just an de Kéieren hate mer ëmmer Schwieregkeete mam Gläichgewiicht. D'Duerfleit hu gutt bäigesteiert an hunn eis Courage gemaach, fir op deem Wee virunzefueren. Réischt Joren duerno, wéi mer besser motoriséiert waren, war et eis méiglech, op d'Biertrenger Schlass, op d'Schierener Millen an op d'Colmer Bréck ze fueren.
Sou sinn d'Joren dohigaangen, bis de Gedanken opkomm ass, fir rëm méi Faarf, méi Liewen an den Hämmelsmarsch ze bréngen, jee, fir mol rëm eppes Neies ze bidden. Et goufe Kiddele kaaft mat Stréihitt a Fischiën derbäi; niewt dem Hämmelsmarsch an den Tuschen, déi mer ëmmer gespillt hunn, koum als Merci fir d'Entgéintkomme vun de Leit, d'Melodie vum Lidd "'t ass Kiermes am Duerf" derbäi. Et ass eis och domat gegléckt, déi richteg Hämmelsmarschstëmmung ranzebréngen, an d'Leit wëssen dat och ze respektéiren.
Well Schieren mat der Zäit ëmmer méi grouss gouf, hate mer mëttlerweil de Samschdeg Nomëtteg mat bäigeholl, fir an allen Ecken a Gaassen de Schierener Leit den Hämmelsmarsch kënnen ze spillen. Verschidde Stroosse ginn dann och an zwou Equipen gemaach, well et soss zäitlech neméi géif rausgoen.