Präsentatioun

D'Schierener Musek gouf am Joer 1947 gegrënnt a besteht momentan aus 60 aktive Musikanten. Geprouft gëtt all Freiden Owend vun 19h30 bis 21h30 am Proufsall zu Schieren. Highlight vum Joer ass ouni Zweifel eise Galaconcert, deen all drëtte Sonnden am Januar zu Schieren an der Sportshal gespillt gëtt. Iwwer 600 Leit fannen all Joer de Wee op Schieren fir un dësem Evenement deel ze huelen.

Wann de Galaconcert bis riwwer ass, gëtt den zweeten Deel vun der Saison preparéiert. D'Summerconcerten kënnen iwwerall am Land sinn an souguer iwwert d'Grenze raus.

D'Schierener Musek begleet awer och traditionnell Feierlechkeeten an der Schierener Gemeng, wéi zum Beispill d'Kommioun, Prëssessiounen, Éischte-Mee-Feier, d'Empfänke vum Kleeschen, asw.

Awer och déi ausser-musikalesch Aktivitéite kommen net ze kuerz. Niewent dem bekannte Fuesbal bzw. der Fuesparty, organiséiert de Veräin och Cabaretsowender an ee Mol d'Joer am Juni dat traditionnelt Summerfest, wou net nëmme fir Iessen a Gedrénks, mee och fir flott (musikalesch) Ënnerhalung gesuergt ass.

D'Generalversammlung fënnt all Joer am November statt.