Sponsoring

Dir kënnt eise Veräin op puer Manéieren ënnerstëtzen.

Personnes physiques:

1) Iwwert de Fonds culturel national (FOCUNA) kënnt Dir eis en Don zoukomme loosen.

Entweder per Virement op de Compte LU24 0019 4655 0203 7000 vum FOCUNA (Bénéficiaire) mat der Mentioun "Schierener Musek - agrément 2018/043" oder iwwert http://www.focuna.lu/fr/Faites-un-don/Schierener-Musek . Dir kritt e Certificat geschéckt fir Ären Don vun de Steieren ofzesetzen. De Minimum pro Don läit heifir bei 50 Euro.

2) Dir kënnt eng CD vun engem vun eise Galaconcerten kafen.

3) Dir kënnt natierlech och en Instrument oder soss eppes sponsoren.

4) Dir kommt einfach bis laanscht op ee vun eise Concerten respektiv Fester oder aner Evenementer oder Dir ënnerstëtzt eis wa mer um Hämmelsmarsch bei Iech laanscht kommen.

5) Dir kënnt membre-donateur an eiser Brochure ginn, déi mir all Joer am Kader vun eisem Summerfest maachen.

6) Dir kënnt eng Éirememberskaart kafen, wann d'Musek déi am Hierscht verkafe kënnt.

7) Dir kënnt natierlech och zu all Moment bei eis an de Veräin antrieden, entweder als Musikant oder als Comitésmember.

Bei weidere Froen oder fir Sponsor ze ginn, kënnt Dir HEI mat engem Comitésmember Kontakt ophuelen.

Mir soe jidderengem schonn am Viraus Villmools Merci!

Personnes morales:

1) Als Entreprise kënnt Dir eng Annonce (1/4, 1/2 oder ganz Säit) an eiser Brochure kafen, déi mir all Joer am Kader vun eisem Summerfest maachen.

2) Dir kënnt natierlech och en Instrument oder soss eppes (Drock vu Flyeren, Kleeder etc.) sponsoren.

Bei weidere Froen oder fir Sponsor ze ginn, kënnt Dir HEI mat engem Comitésmember Kontakt ophuelen.

Mir soe jidderengem schonn am Viraus Villmools Merci!