1995-haut
De 25. Mee 1995 ass der Schierener Musek beim UGDA-Concours zu Mertert/Waasserbëlleg den Opstig an d'division supérieure gelongen. D'Musek krut déi bescht Bewertung vun alle Veräiner aus der éischter Divisioun déi ugetruede waren.
1987-1995
Am September 1987 gouf de Roger Mirkes neien Dirigent, nodeems de Paul Wagner no 22 Joer säi Posten zur Verfügung gestallt hat.
Als Proff am Ettelbrécker Conservatoire huet de Roger Mirkes d'Affiliatioun vun der Schierener Museksschoul un den Ettelbrécker Conservatoire bewierkt. Duerch d'Grënnung vun enger Harmonie des Jeunes konnt d'Loscht um Musekmaachen bei de jonke Schüler gesteigert ginn.
Ënnert der Leedung vum Roger Mirkes koum et niewent spirituelle Concerten och zur Opféirung vum éischte Galaconcert am Joer 1990. Opgrond vun deene villen intresséierten Nolauschterer, déi net all eng Plaz am Festsall fonnt haten, gouf ab 1991 de Galaconcert zweemol gespillt; all Kéiers an engem vollbesate Sall.
Duerch déi grouss Zuel vu Musikanten, déi amgaang waren en Holzinstrument ze léieren, gouf aus der Fanfare eng Harmonie, wat 1994 zur Ëmstrukturéirung an d'Schirener Musek a.s.b.l. gefouert huet.
1991 huet de Blaise Stélandre, professionelle Museker an ebenfalls Proff am Ettelbrécker Conservatoire, de Roger Mirkes als Dirigent ofgeléist. 1992 gouf et dunn och e Wiessel um Presidenteposten: De Jean Nickels huet d'Nofolleg vum Jean Thill, deen 28 Joer laang President war, ugetrueden.
1949-1987
Duerch d'Memberschaft an der UGDA war d'Musek verflicht un UGDA-Concoursen deelzehuelen. Di eenzel Resultater vun de Concoursen a Klasséirungen fënnt een a folgendem PDF-Dokument.
Den 1. August 1950 ass de President Clees Fabricius gestuerwen. Säi Nofolger gouf de Jean-Pierre Flammang.
Am Joer 1956 kruten d'Musikanten hir éischt Uniformen, déi vum Schneidermeeschter Jean Meyrath vu Schieren gemaach goufen.
1959 huet den Théo Schaltz d'Nofolleg vum Emile Gillen als Dirigent ugetrueden.
Ufank 1965 gouf de Jean Thill neie President nodeems de Jean-Pierre Flammang de Posten opginn hat. Dat selwecht Joer huet eis den Dirigent Richtung Dikrecher Musek verlooss. Nofolger gouf de Paul Wagner, dee sech mat vill Méi ëm d'Veräinsmuseksschoul gekëmmert huet.
De 24. Mee 1979 gouf et beim UGDA-Concours en éischte Präis an domat konnt sech d'Musek den Opstig an d'éischt Divisioun sécheren.
1947-1949
Den éischten ëffentlechen Optrëtt vun der Musek war de 25. Mee 1947 den Hämmelsmarsch um Päischtsonndeg. Fir dësen Optrëtt goufe bei den Nopeschmuseken Ettelbréck a Colmer-Bierg Museksinstrumenter ausgeléint.
Duerch den Erfolleg vum Hämmelsmarsch motivéiert, gouf de 15. Juni 1947 e "Waldfest" vis-à-vis vun der Colmer Gare organiséiert. Mam Erléis vun Hämmelsmarsch a Waldfest konnten déi éischt Instrumenter bei der Firma Maheu vu Virton bestallt ginn.
Den 22. Juni 1947 gouf den Emile Gillen als éischten Dirigent gewielt. Ënnert senger Leedung goufen all Woch Solfègeprouwe gehal. D'Zuel vun de Musikanten ass rapid an d'Luucht gaang.
D'Musek gouf Member vun der UGDA (Union Grand-Duc Adolphe) an an di ënnescht Divisioun 3B aklasséiert.
Grënnung
D'Schierener Musek gouf den 21. Mee 1947 vun 28 Leit gegrënnt:
Bourkel Joseph †, Crelo Joseph †, Fabricius Clees †, Flammang Jean Pierre †, Gillen Georges, Goerens Paul †, Heintz Arthur †, Heintz Joseph †, Hilger Jacques †, Jaas Eugene †, Jungels François †, Jungels Jean Pierre, Koster Marcel †, Koster René, Meisch Alphonse †, Meisch Felix †, Meyrath Jean †, Meyrath Joseph †, Ney Alex †, Ney Jean Pierre †, Nickels Antoine †, Nickels Mathias †, Pauly Philippe †, Reuter Michel †, Thill Jean †, Weiler Michel †, Weyrich Théo †.
Éischte President war de Clees Fabricius; de Jean-Pierre Flammang war Vizepresident, de Jean Thill Sekretär, de Joseph Crelo Keessjee an den Eugène Jaas, Arthur Heintz a Michel Reuter Comitésmemberen.