Roland Schiltz
Zënter 2011 ass de Roland Schiltz Dirigent vun der Schierener Musek.
Hie gouf de 4. Mee 1967 an der Stad gebuer an huet mat sechs Joer mat Musekscoursen am Stater Conservatoire ugefaang. Hien huet Solfège an Harmonie an de Klassen vun der Madame Suzette Parach-Engels an dem Här Jeannot Comes geléiert. De richtegen Emgank mat der Klarinett krut hien a Coursen bei der Madame Cécile Jeitz gewisen. Ausserdem huet de Roland Percussioun bei der Madame Charlotte Kerger-Ernst a beim Här Alain Ginther (Batterie) geléiert. Hie war lauréat beim concours jeunes solistes vun der UGDA an der Klarinett an an der Kammermusek. Als Klarinettist huet hien de "Prix Supérieur" an de "Prix Supérieur Interrégional de France" erspillt. (Selwécht Präisser och an der Kammermusek). Bis 1998 war de Roland Schiltz aktive Member vum Harmonie- a vum Symphonieorchester vum Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg. Desweideren war hie Member vum Bléiserquintett Eureca, chargé de cours fir Klarinett am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg a laang Jore Beroder vun der Musekschoul vun der UGDA. Vun 1993-1997 war de Roland Schiltz Dirigent vun der Harmonie des Jeunes Prince Guillaume, dem Jugendensembel vun der Fanfare Royale Grand-Ducale Gronn-Fetschenhaff-Cents-Polvermillen. Member zënter 1976, war hie vun 1992-2012 Dirigent vun der "Harmonie Municipale Rollingergrund".
Momentan ass hien aktive Member vum Luxembourg Clarinet Choir a vum Sextett Claritmico. Desweideren spillt de Roland Schiltz Klarinett an der "Fanfare Royale Grand-Ducale Lëtzebuerg Gronn-Fetschenhaff-Cents-Polvermillen".
Haaptberuflech schafft de Roland Schiltz zënter 1989 als Schoulmeeschter vum enseignement fondamental an der Gemeng Nidderaanwen.
Telefon: 71 93 17 GSM: 691 30 43 51
Alfred Kayser
Sous-chef
Tel: 81 94 58
GSM: 691 32 23 97
Marc Garson
Sous-chef
Tel: 78 87 05
GSM: 621 74 97 02
Fréier Dirigenten
2009 - 2011 Reimund Berg
2006 - 2009 Jean-Marie Thoss
2006 - 2006 Claus Demmer (Interim)
1991 - 2006 Blaise Stélandre
1987 - 1991 Roger Mirkes
1965 - 1987 Paul Wagner †
1959 - 1965 Théo Schaltz
1947 - 1959 Emile Gillen †