Responsabel fir de musekaleschen Deel vum Schierener Jugendensembel ass d'Sally NICKELS.
D'Prouwe si Freides owes vun 18.30 bis 19.30 Auer zu Schieren am Musekssall.
Säit e puer Joer offréiert d'Schierener Musek hiren Nowuesmusikanten d’Méiglechkeet fir während 3 Deeg an der Fuesvakanz un engem Museksstage deelzehuelen. Organiséiert gëtt dëse Stage vun de Museken aus dem Rolléngergronn, vum Cents, vun Hollerech a Schieren. Nieft de Regëster- an Orchesterprouwen gëtt och gesongen. E Grupp mat Animatricen/Animateuren suergt owes fir flott Spiller. De Stage gëtt ofgeschloss mat engem Concert, wou d’Musikanten den Elteren, der Famill a Frënn kënne weisen, wat si an deenen 3 Deeg astudéiert hunn.
Du hues Loscht beim Jugendensembel matzemaachen, awer keen eegent Instrument? Dat ass kee Problem, well d'Schierener Musek dir en Instrument gratis zur Verfügung stellt. Mell dech einfach beim President oder der Sekretärin. (-> hei klicken <-)
Wanns du selwer en Instrument hues, an du wëlls matspillen, kanns de einfach eng Kéier an eng Prouf laanscht kommen a kucken, wéi et ass.